Im Rahmen der Inbetriebnahme und Tätigkeitsaufnahme des neuen Flügels der Zitha „Dei Nei Zitha“ stellen wir Ihnen das kulturelle Konzept dieses neuen Gebäudeflügels vor.
Diese Dauerausstellung trägt den Titel „Meet the makers“ und würdigt Menschen, die in der ZithaKlinik beschäftigt waren – und insbesondere das Klinikpersonal.
…
1914 – 1918 | Militärkrankenhaus in einem Klostergebäude |
1921 | Umwandlung des Militärkrankenhauses in die „Clinique Sainte Thérèse“ (Schutzpatronin: Heilige Teresa von Avila) |
1924 | Erweiterung auf 40 Betten |
1925 | Eröffnung des neuen Gebäudes der „Clinique Sainte Thérèse“ (80 Betten – heutiges Gebäude A) |
1939 | Ausbau von Gebäude A (120 Betten) |
1952 | Inbetriebnahme von Gebäude B mit 230 Betten |
1965 | Errichtung der Krankenpflegeschule |
1978 | Errichtung des Ärztezentrums |
1985 | Fertigstellung von Gebäude C, wodurch sich die Gesamtanzahl der Betten der Klinik auf 250 erhöht |
1997 | Inbetriebnahme von Gebäude D mit einer zentralen Küche, technischen Anlagen, Verwaltungsräumen, einer Cafeteria, einer Abteilung für Nuklearmedizin und einem zentralen Lager |
2001 | Verringerung der Gesamtanzahl an Betten der ZithaKlinik im Rahmen des neuen Klinikplanes (18.04.2001) ® Verringerung von 240 Betten auf 226 Betten |
2005 | Erweiterung der Ambulanz und der Radiologie mit Inbetriebnahme einer Magnetresonanzanlage (MRT) |
2007 | Eröffnung der Abteilung Geriatrische Rehabilitation in der Seniorenresidenz Saint Jean de la Croix (30 Betten), wodurch sich die Gesamtanzahl der Betten der Klinik auf 256 erhöht |
2009 | Eröffnung des Instituts für Präventivmedizin im Gebäude der ehemaligen Krankenpflegeschule (ZithaGesondheetsZentrum) |
2009 | Einrichtung der Direktions- und Verwaltungsräume im ZithaGesondheetsZentrum |
2014 | Zusammenschluss mit der Stiftung François-Elisabeth zur Bildung der Hôpitaux Robert Schuman |
2015 | Beginn der Bauarbeiten zur Errichtung des E-Baus |
2016 | Umzug der Abteilungen des Fachbereichs Viszeralonkologie in die ZithaKlinik |
2017 | Modernisierung des Ärztehauses der ZithaKlinik |
2019 | Eröffnung des ZithaKriibsZentrum |
2019 | Renovierung der ZithaKlinik |
2019 | Errichtung eines zweiten Ärztehauses |
2020-2021 | Tätigkeitsaufnahme im neuen Flügel der Zitha. |
…
Bild aus de Wäschraim aus dem Operationszemmer, 2 Chirurgen wäschen hir Hänn fir sech virzebereeden ob eng Operatioun ( Dokter Guy Mandres, Dokter Norbert Weydert) . Si hunn eng speziell Kleedung un di nëmmen an deem Operatiounsbereich gedroen gëtt fir Infektiounen virzebeugen. Hir Hoer an de Mond a Nueseberaich sinn och ofgedeckt. Wärenddeem gëtt de Patient ob den Operatiounsdësch geluecht an d’Narkose gëtt ugefaangen. Den Oflaf vun de Gesten an de gudden Teamwork ass hei ganz wichteg fir d’Narkosezait zou kuerz wie méiglech ze halen. D’Foto ass aus dem Joer 1980 di Zäit gouf et an der Zitha 3 Operatiounssäll wou ënnert optimalen asepteschen Bedéngungen Operatiounen am Bauch, am Thorax, un de Schanken duerchfeiert gi sinn. Hei sinn och éischt kënstlech Gelenker agesat gi. Ugegliddert woren Lagerraim fir sterilt Material, e ganz groussen Sterelisator an Opbereedungsraim fir Material an Ekipementer, Openthaltzemmeren fir d’Mataarbechter. D’Bild ass vum Pol Aschmann Fotograph zu Lëtzebuerg.
Bild vun enger Fleegestatioun aus der Kichen. Hei ass muerges, Mëttes an Owes d’Iessen portionéiert gi fir di eenzel Patienten, an de Menü gouf vun dem Fleegepersonal individuell fir de Patient zesummegestallt. Kleng Saachen goufen hei och gekacht oder gewiermt. D’Klinik hat hiren eegenen Porzeläin, Patienten an den 1. Klassen kruten mat selwer Besteck zerwéiert. Am Ufank vum Klinikbetrib haten d’Schwësteren nach eegen Gäert mat Geméis an Uebst. Yogurt, wäisse Kéis an aner Mellchprodukter sinn selwer hiergestallt gi. Mir gesinn hei eng Photo vun der Schwëster Beatrice di um Stack C3 Responsabel war. D’Bild ass vu 1978. D’Bild ass vum Pol Aschmann Fotograph zu Lëtzebuerg.
Bild vun enger Soignantsschülerin. Et gouf bal bei all Klinik eng Schoul mat Internat fir Soignantsstudenten. Hei konnten si en ganzen theoreteschen an prakteschen Zyklus vun der Ausbildung maachen. D’Proximitéit zu der Klinik wor e groussen Standuertvirdeel.
Des Bild ass di nei Apdikt, wou sortéiert an iwwersichtlech all Medikamenter déi an der Klinik gebraucht gi sinn gelagert goufen. Soss sinn des Saachen vun ausserhalb aus Quartiersaptikten ugeliwwert gi. Ganz am Ufank hunn d’Schwësteren nach vill Kremen, Téi’en a Flessechkeeten fir d’Behandlung vu Wonnen selwer gemëscht. Et gouf an all Klinik eng Schwëster di sech speziell em dee Beräich gekëmmert huet. Infusiounsflessegkeeten sinn oft selwer zoubereet gi mat sterillem Waasser. Einmalmaterial ass et net gi, Sprëtzen, Nolen, Schläich, Bokaler , Fläschen an Instrumenter sinn ëmmer erëm gewäsch an steriliséiert gi. Mat der systematescher Uwendung vun Infusiounen an Einmalmateriel woren d’Lagerraim séier ze kleng, an nei Raimlechkeeten sinn entstanen. Spéider sinn dunn och Spidolsaptikter an d’Klinicken komm mat spezialiséiertem Personal. D’Bild ass vum Jean Weyrich Fotograph am Luxemburger Wort
Bild vun 2 Operationsschwesteren beim Belueden vun engem Sterelisator( Autoklav) mat Operationsmaterial. No all Operatioun sinn di chirurgesch Instrumenter gewäscht, zortéiert, agepaakt an steriliséiert gi. All Operatioun hat hir Këschten wou dat néidegt Material dra wor. Oft hunn d’Chirurgen hir Geschier selwer kaaft.Verschidden Material ass no den Operatiounen geschlaff gi( Nolen Trokar, Meesselen a Messeren). Mat de neien Operatiounstechniken ( Urologie, Orthopedie,..) sinn d’Instrumenter méi fein gi, an méi spezialiséiert, mä et sinn der och vill méi fir all Operatioun gebraucht gi. D’Mataarbechter di hei geschafft hunn, hunn all Operationstechnike kannt, sou konnten si alles virbereeden fir deen Dag duerno. Esou eng steriliséiert Këscht mat Instrumenter wor e puer Wochen steril, duerno huet se rëm missten nei steriliséiert gi. D’Bild ass vum Jean Weyrich Fotograph am Luxemburger Wort
Mir gesinn hei wie di theoretesch Kenntnisser ( hei e Verbandwiessel) an der Praxis an um Patient gemaach gi sinn. D’Material ( Pincette, an Kompressen an Tupfer ) sinn ob engem Inoxplateau preparéiert gi an dann mat den Desinfektiounsmëttelen an Crèmen ass d’Wonn versuergt gi. D’Soignants hunn demols hir Dengschtkleedung selwer gewäsch. D’Bild ass vum Pol Aschmann Fotograph zu Lëtzebuerg.
Bild vun der ganz fréierer Installatioun vun der Radiologie. Hei hunn nieft Radiologen eng Partie aner Dokteren Ënnersichungen gemaach. D’Biller sinn nach ob der Hand entwéckelt gi a waren schwaarz wäiss. Dësen Apparat vun der Firma Philips war zimmlech asetzbar a konnt och per Distanz gesteiert gi, wéinst der Strahlebelaschtung. Mir gesinn hei 2 Uerdensschwestern di eng Radiographie virbereeden. Ongefeier 30 Joer méi spéit sinn dunn di éischt Scanneren komm wou ganz vill Biller a kuerzer Zäit fir een Examen gemaach gi sinn, di dann mat engem Computerprogramm zesummegebaut goufen. D’Bild ass vum Paul Kutter Fotograph zu Lëtzebuerg
Bild vun der éischter Statioun wou Nierenkranker dialiseiert goufen. Mir gesinn hei di éischt Maschinnen di Nieren ersat hunn. Et gouf zu dëser Behandlung wéineg Alternativen, Transplantatiounen sinn vill spéider komm. D’Patienten sinn e puer mol pro Woch komm an hir d’Blutt ass wärend e puer Stonnen filtréiert gi. D’Soignants woren spezialiséiert ob des Behandlungen, sinn hunn wéinst der grousser Nofro vun Patienten ob Schichte geschafft. Hei woren och di éischt Televisiounen fir Patienten well si iwwert laang Zäit hei a Behandlung woren.Nieft dem Operatiounszëmmer, der Radiologie an dem Laboratoire wor d’Dialyse eng mat deenen ganz techneschen Abteilungen. Weesebild, de Fotograph ass net bekannt.
Bild vum Haaptgang an der Zithaklinik um Reiz de chaussé. Hei waren di grouss Poliklinik an d’Radiologie amenagéiert. Am Jugendstil goufen hei d’Wänn an de Bou iwwert den Gang gestalt.D’Schreift heescht: HONORA MEDICUM PROPTER NECESSITATEM ( Honorez le médecin pour le besoin).Des glaséiert Faïencerien sinn deelweis nach erhalen, leien awer ënnert engem Gipsbotz den bei enger Renovatioun doriwwer gemaach ass.Den Deel vum Gebai gehéiert zu deenen eelsten vun der Klinik. D’Bild ass vum Paul Kutter Fotograph zu Letzebuerg.
Bild vun den rezenten Haaptagank vun der Zithaklinik, an der Zithastroos, di nom Numm vun der Klinik benannt gouf. Deen Horizontalen Deel wou d’Schrëft drop steet ass virun 20 Joren embaut gi als Accueil/Empfang. De vertikalen Schrëftzuch war owes hell beliicht, fir d’Client vun den gastronomeschen Betriber an dem Kino Marivaux ronderëm hinzeweisen roueg ze sinn an der Nuecht, well hei krank Leit an der Klinik sinn.Dësen Deel vun der Klinik ass haut ronderëm komplett vun Wunnengen, Firmen, Butteker an Betriber bebaut. Deen Deel vun der Gare changéiert de Moment urbanistesch ganz staark, et gi hei stänneg Changementer. D’Bild ass vum Paul Kutter Fotograph zu Letzebuerg
Bild vun engem Operatiounzemmer. Di ëmmer méi spezialiséiert Operatiounen, haaptsächlech am Thorax an Bauchbereich hunn och méi spezialiséiert Opertionsdescher gefuerdert, déi an an all méiglech Positiounen konnt verstellen. Parallel dozou huet d’Narkosefach sech och enorm entwéckelt soudatt och laang an komplizéiert Thoraxopertiounen konnten gemaach gi. Infusiounen sinn nëmmen ganz wéineg gepickt gi, d’Flëssegkeeten goufen an der Klinikaptikt gemëscht. Et goufen am Ufank 2 Operatiounszëmmeren déi direkt nieft der Sterilisatioun ageriicht waren. D’Dokteren hunn meeschtens hir Instrumenter selwer kaaft an och ënnerhalen. Vill vun deem Geschier an och nach bei klengen Firmen manuell hiergestallt gi.Speziellnarkossgazen, an Inhaleierflessegkeeten sinn ganz spuersam agesat gi.An de 60 ger Joren koumen dunn och déi éischt Narkossdokteren an et sinn Reanimatiounsservicer ageriicht gi. Een vun deenen éischten Chirurgen hei war den Dr Christoph Mouton, deen an der Klinik gewunnt huet. D’Bild ass vum Paul Kutter Fotograph zu Letzebuerg
Bild aus dem Laboratoire vun der Zithaklinik.Mir gesinn hei eng Schoulschwester( Schwëster Marie Etienne) déi Soignantsschülerinnen weist wei Verdënnungen vun Laboratoireflessegkeeten gemaach gi. Di mäscht Laboratoireennersichungen sinn manuell gemaach gi. Verschidden Analysen sinn nëmmen 1-2 mol an der Woch gemaach gi.All Soignants huet missten déi normal Wäerter aus dem Blutt an dem Urin kennen, an déi mäscht Analysen verstoen an maachen kennen.Mir gesinn hei eng sougenannten Bludsenkungsapparatur wou gekuckt gëtt ob der Patient eng Infektioun huet. Spéider konnt eng Soignante sech am Fach Laboratoire spezialiséieren an am Laboratoire schaffen. Haut sinn déi mäscht Analysen voll automatiséiert. Vill Analysen kennen och vum Patient selwer gemaach gi.(Bluttzockerwäerter, Gerennungswerter, Härzwerter…). D’Bild ass vum Jean Weyrich Fotograph am Luxemburger Wort
Bild vun der Dialysestatioun aus der Zithaklinik. D‘Zithaklinik huet ënnert der Situatioun dat déi meescht Nierekranker net konnten anescht behandelt gi, eng Statioun ageriicht vun künstlegen Nieren. Hei sinn déi Nierekranker, ambulant, wärend e puer Stonnen 2-3 mol pro Woch un Maschinnen ugeschloss gi fir bestëmmten Stoffer aus dem Blutt ze filteren. Mir gesinn hei déi grouss Filtermatten an d‘Apparater déi de Bluttcircuit iwwerwaacht hunn. Des Method gëtt haut och nach ëmmer ugewannt, mat méi modernen Ekipementer. D’Patienten konnten wärend der Behandlung Musek lauschteren oder Televisioun kucken.Spéider sinn dunn duerch modern Operatiounsmethoden an Medikamenter Transplantatiounen vun Nieren méiglech gi. D’Dialysestatioun war deemools fir déi Patienten di eenzeg Rettung an Behandlungsmethod. D’Bild ass vum Paul Kutter Fotograph zu Letzebuerg.
Bild vun dem Zithakloschter aus der ganz fréier Zäit. D’Gebai vum Klouschter, wei ob der Photo, steet haut och nach. Lenks a riets sinn awer de Bau vun der Klinik( 1925 ) an en Altersheim derbäi komm. De ganze Hollerecher Quartier war deemools nach eng eegen Gemeng, huet sech rasant entwéckelt, den Uschloss an en Eisebunnsnetz huet Lëtzebuerg international vernetzt, de Quartier Hollerech ass mat Brécken verbonnen gi, de Krich huet gewisen dat eng adequat Versuergung vun Verletzten néideg war. Aus engem Uerden deen sech em jonk Meedercher bekëmmert huet, hunn d’Schwësteren erkannt wat gebraucht gi ass , an sech an dësem Quartier niddergelooss.Wou ob der Photo nach Wisen a Perche waren sin modern Wunnhaiser , Firmen a Butteker entstanen, d’Avenuen sinn gebaut gi.Deemools sinn et an der Nopeschgemeng Lëtzebuerg 4 Klinicken gi( Saint Francois, St Joseph, Ste Elisabeth an Eich.) Am Ufank hat d’Klinik 40 Better. D’Gebaier vun der Klinik hunn sech permanent an deenen neien Ufuerderungen an Methoden adaptéiert, et sinn vill Dokteren no hirer Ausbildung hei hin schaffe komm, d’Klinik an den Orden vun de Schwesteren ass permamanet gewues. D’Gebaier bestinn haut och nach. Den Photograph as net bekannt. D’Postkaard as am Besetz fum Henri Kugener.
Bild vun der Buchhaltung an Verrechnung, mat der Telefonszentral. Hei hunn haaptsächlech Dammen ënnert der Leedung vun enger Uerdensschwëster geschafft. Rechnungen sinn meeschtens bor oder mat Scheck bezuelt gi.Di meescht Dokumenter sinn mat der Hand a grouss Keesebicher oder Buchhaltungsbicher agedroen gi. Och d’Paien vum Personal sinn bor ausbezuel gi am Ufank , spéider sinn se dann iwwert d’Bank iwwerwisen gi. Et sinn deemools och méi Krankekeese gi, wou et haut eng eenzeg gemeinsam Gesondheetskeess gëtt.Computeren an Fotokopiesmaschinnen sinn et net gi. Grouss an komplizéiert Berechnungen sinn mat mechaneschen Maschinnen gemaach gi. Kopien sinn mat der Schreifmaschinn an Pauspabeier gemaach gi.D’Telefonszentral hat eng fënnefstelleg Nummer. Eng Telefonsverbindung an d’Ausland ass ëmmer extra bei der Post ugefrot gi. D’Bild ass vum Paul Kutter Fotograph zu Letzebuerg
Bild aus der Buanderie/Wäscherei vun der Zithaklinik. Am Ufank vun der Klinik ass nach ganz vill Textil (Bettgezei, Handdicher), Botztextilien,Torschongen, Riddoen …), Verbandsmateriel, Operatiounsdicher an Schutzkleedung vun den Soignants an Dokteren , ob der Hand gewäscht gi oder an groussen Deppen ausgekacht gi. D’Textilien woren net aus Synthetik. D’Klinik hat och eng eegen Bitzerei wou aus Meterwuer/Ballen all méiglech an néideg Textilien déi an der Klinik gebraucht goufen, geschneidert gi sinn. Oft hunn hei, ënnert der Leedung vun enger Uerdensschwëster, Dammen hiert Handwierk geleiert a kënnen selbststänneg schaffen.Des Wäscherei ass déi 3. Generatioun, an schonns modern Maschinnen sinn zum Assatz komm. Si ass duerno 2 mol vergréissert gi. Haut gëtt d’Wäsch vu Baussen traitéiert an geliwwert. Vill Textilien sinn och duerch Einmalmaterial ersat (Operatiounsdicher an Schutzkleedung). D’Bild ass vum Paul Kutter Fotograph zu Letzebuerg
Bild aus der Poliklinik wou an individuellen Raim Patienten hir Untersuchungen an Behandlungen kruten. Kleng chirurgesch Agrëffer an Gipser fir gebrache Schanken sinn och hei gemaach gi. Dest wor och di Platz wou Ambulanzen (Akzidenter an Krankentransporter) ukomm sinn. All vun deenen 5 Klinicken Klinik an der Stad huet ofwiesseld en aneren Dag Ambulanzen mat Patienten empfaangen.Wa méiglech sinn d’Patienten rëm heemgoen, oder si sinn hospitaliséiert gi. D’Bild ass vum Jean Weyrich Fotograph am Luxemburger Wort.
Bild vun enger Fleegestatioun aus der Zithaklinik.Aus hygieneschen Grënn( mir denken un déi spuenesch Gripp am Ufank vum Joerhonnert, mat ganz villen infizéierten jonke Leit, déi gestuerwen sinn) waren d’Biedem an d’Maueren mat Plättercher gebaut déi e gutt konnt wäschen. D’Gäng waren hell mat natierlechem Licht an sou breet dat e konnt gutt mat Apparater oder Better laanschteneen fueren. Op all Stack war en Openthalteck wou déi krank Leit mat der Famill konnten sinn. Di meescht Zëmmeren waren 2- 4 Bettzemmeren. Et gouf fréi Lifter, déi en mat spezielle Schlësselen konnt bedéngen. All Zëmmer hat och e Noutruffsystem deen geschellt a geblénkt huet um Gang, ob all Stack gouf et och e kodeierten Noutruffsystem gi fir Dokteren ze ruffen. Et ass e Stack gi fir Männer an e Stack fir Fraen.D‘Pflegepersonal waren haaptsächlech Fraen, männlech Soignants gouf et 2-3 pro Klinik. D’Bild ass vum Paul Kutter Fotograph zu Letzebuerg
Bild aus der éischter Klinikkichen.D’Klinik an der Uerden hat eegen Gäert wou e groussen Deel vum Geméis ugeplanzt gin ass, wat gebraucht gouf. An dëse Gäert hunn och Gäertner aus der Klinik geschafft.Am Laf vun de Joren sinn ronderëm d’Klinik ëmmer méi Leit wunne komm, d’Gäert sinn ëmmer méi kleng gi, an deelweis och verbaut gi.D’Kichen war ganz wichteg well déi krank Leit eng gutt Ernierung gebraucht hunn fir gesond ze gi, si waren oft Wochen oder Méint-laang hospitaliséiert (Longenkrank, Häerzkrank, Hiereschlag, Akzidenter…).An dëser Kichen hunn Käch, Patissiers an och Leit geschafft déi speziell Kachrezepter kannt hunn. Vill Mëllechprodukter, Brout, Kichelcher, Kéisen sinn selwer hiergestallt gi. All Statioun huet seng Bestellungen an d’Kichen gi, do ass dann am Groussen gekacht gi, portionéiert gi ass ob der Statioun vum Fleegepersonal. D’Iessen war e feste Bestanddeel vun der Behandlung. D’Bild ass vum Paul Kutter Fotograph zu Letzebuerg